Info Stierffall

Gewéinlech Prozedur bäi engem Stierffall

Am Fall vum Doud vun engem Famillemëmber, läit et un der Famill oder enger vun der Famill beoptragter Persoun verschidden administrativ Demarchen ze erleedegen, éier d’Begriefnes stattfënnt. Am folgenden Dokument sind d’Haaptetappen vun der Deklaratioun vum Doud bis zum Begriefnes, zesummen mat nëtzlechen Linken, opgelëscht: INFO Décès (PDF)


Impakt vun der Covid19 Pandemie op d’Begriefnesriten

Den gewéinlechen Oflaaf vun den Prozeduren am Stierffall gëtt aktuell duerch den Covid19 impaktéiert, och wann den Verstuerwenen net infizéiert wor.

Den Matarrbechter vun den Gemeengemorguen an den Pompes funèbren gëtt vun der Gesondheetsdirektioun staarkt ugerodden den Kontakt mat Läichen op en Minimum ze limitéieren, fir all onnéidegen Risiko vun enger Infektioun ze évitéieren. Folglech hunn déi meeschten Gemengen an Pomes funèbren d’Doudenwäschung an hiren Morguen ausgesaat. D’verschidden Spidoler am Land probéieren d’Doudenwäschung ze améiglechen wann d’Ëmstänn an d’Arbechtslaascht et erlaaben. Dëst hänkt awer off vun den Installatiounen an der jeweileger Morgue, der Zuel vun Néiinfeltiounen an virun allem der Unzuel vun Patienten mat Covid19. Aktuell sinn dëss Zuelen op engem héischen Niveau, esou dat no onsen Informatiounen aktuell d’Doudenwäschung zäitweis ausgesaat gouffen, bis d’Situatioun sech bessert. Villmools Merci fir Är Verstehstdumech.

Ebenfalls, je no Situation an den Spideeler, gëtt Unzuel vun Visiteuren pro Patient limitéiert oder esouguer all Besuch vun Ausserhalb verbueden. W.e.g. informéiert Iech virun enger Visit bäi den Verantwortlechen iwwer d’aktuell Mesuren.

D’Covid19-Gesetz an d’Gemengeregelementer sëtzen eventuell eng Limitatioun un Participanten oder sanitär Mesuren bäi Begriefnesser um Kierfecht fest. W.e.g. kontaktéiert am Virfeld d’Responsable bäi der Gemeng.


Manipulatioun vun Kierperen vun Verstuiewenen déi mat Covid19 erkrankt woren

Well d’Läichen vun un Covid19-Erkrankten nach ustierchend sinn, an suite vun der Ordonnance vum der Gesondheetsdirektioun vum 25 März 2020, ass d‘Manipulatioun vun Kierperen vun un Covid19 erkrankten Verstuewenen op den strikten Minimum ze limitéieren. An dësen Fäll ass eng Doudenwäschung net erlaabt. Detailer kennen am folgenden PDF nogelies ginn: Nouvelle ordonnance relative à la prise en charge du corps d’un patient décédé infecté par le coronavirus (Nëmmen op Franséisch)

.