sanitär Mesuren

Informatiounen vir Moscheegänger an Privatpersouen


  • Besicht keng Moschee an bléift doheem, wann Dir Covid19 Symptomer hudd.
  • Drot eng Mask, déi Mond an Nues bedeckt an dëst während Ären ganzen Openthalt an der Moschee.
  • Gidd keng Hand vir ze gréissen, évitéiert all physeschen Kontakt an haalt eng Distanz vun 2 Meter zu Persounen déi net an Ären Haushalt wunnen an.
  • Bied nemmen op den gezeechneten Plaazen an bréngt Ären Gebiedsteppech mat.
  • Maacht Är rituell Wäschung am beschten doheem.
  • Denkt un d’Gestes barrières. Desinfektiounsspenderen stinn an all Moscee.

D’Obligatioun zur physëscher Distanz an dem Droen vun enger Mask gëllen net fir Kanner ënner 6 Joër, Persounen mat engem Handicap oder Persounen mat bestëmmten Krankheeten. An de béiden lëtschten Fäll muss een en Certificat médical dobäi hunn.


Rotschléi vir vulnérabel Persounen

Als vulnérabel Persoun gellen:

  • all Persounen iwwer 65 Joër ;
  • schwanger Fraën
esouwéi Persounen mat den follgenden Krankhëeten oder medizinëschen Konditiounen:
  • Diabetes;
  • Kardiovaskulär Krankheeten;
  • Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër;
  • Kriibs;
  • Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie;
  • Krankhaft Iwwergewiicht (Body-Mass-Index > 40 kg/m2).

Mir roden vulnerabelen Persounen keng Moschee ze besichen esoulang net méi Leit geimpft sinn. Benotzt digital Offeren vun den Moschëen an der Shoura, virun allem elo am Ramadan. Vill Moschëen bidden Hëllef un z.B. vir Akaafen ze goen.

Fannd all Recommandatiounen vun der Santé ënner www.covid19.lu


Plan sanitaire détaillé

Mat der Phase 3 vum Déconfinement, konnten d’muslimesch Gebiedsraimlechkeeten am Juni 2020 ërem vir d’Ëffentlechkeet opgoen, an Dank engem detailéierten Plang mat sanitären Mesuren opbleiwen. Dësen Plang gouf vun der Shoura am Austausch mat dem Conseil des Cultes Conventionnées opgestallt, an vun der Gesondheetsdirektioun esouwéi dem Reliounsdepartement vum Staatsministère gudd geheescht. Je no der Entwécklung vun der sanitärer Kris an den Modifikatiounen vum Covid19 Gesetz, gouff den plang per Communiquéen adaptéiert.

Den ganzen Plang mat sanitären Mesuren fir d’muslimesch Gebiedsraimlechkeeten kann héi als PDF nogelies ginn: Plan détaillé de réouverture des lieux de culte musulman. D’Adaptatiounen déi aktuell gellen, stinn am Communiqué vum 17 Juli 2021 (PDF).


Sensibilisatiounsmaterial & nëtzelech Linken

Lued d’méisproocheg Affich mat den Mesuren déi an den Moschëen gellen als JPG-Datei oder als PDF-Datei erof.

D’lëtzeboier Regierung bidd op www.coivd19.lu allerhand nëtzlech Informatiounen zu den aktuellen Mossnahmen, der Aktualitéit an all aneren betraffenen Beräich un. An hirer Toolbox, fannt Dir vill Sensibiliséierungs-Ressourcen vum Ministère de la Santé.

D’Gesondheetsdirektioun verëffentlecht seng Recommandatiounen um Site sante.public.lu.

Op aktivdoheem.lu, fannt Dir Virschléi zu sportlëschen Aktivitéiten déi Dir oder Är Kanner problemlous Doheem ënnerholen kennt.

Praktesch Informatiounen zur mentaler Gesondheet fannt Dir ënner www.covid19-psy.lu (Hotline : 24 76 55 33) an ënner SOS Detresse www.454545.lu (Hotline : 45 45 45).